Gia, Gioia, Jill

 

Den HSV war op der WM zu Kristianstad (vum 3. bis den 7. Oktober) duerch d'Rissé Gia mam Fitch, Hörold Gioia mam Smiley an Wissler Jill mam Rocky vertrueden

Hier Resultater:

Gia an d'Gioia sinn an der Equipe Small leider net an d'Wäertung komm, ze vill Eliminatiounen am Team

Dat selwecht ass dem Jill an der Equipe Medium Klass geschitt 

Am eenzelen hat d'Gia mam Fitch och Pech, leider sinn si Zwee am Agility an Jumping eng Eliminatioun gelaf.

Besser huet et d'Gioia mam Smiley gemaach: eng 33. Plaz (vun 91 Starter) am Jumping an eng 40. Plaz am Agility hunn an der Gesamtwäertung eng ganz gutt 26. Plaz gemaach.

An nach en Krack besser ass et beim Jill mam Rocky gaangen: No engem 32 Rang beim Jumping hunn di Zwee et fäerdeg bruecht vir am Agility Laf op di excellent 13. Plaz ze kommen. Wat zum Schluss an der Kombinatioun eng Top 16. Plaz ausgemaach huet! (bei 72 Starter!)

 

Respekt un eis 3 Vertrieder