Marie Urbany mam Bill
Marie Urbany mam Bill

Den HSV beim RTL

Marie, Bill, d'Geräter, Publikum
Marie, Bill, d'Geräter, Publikum
Den Recall Ziedel
Den Recall Ziedel

Et war net wéinst Agility wou den HSV desen Samsden, den 19. März, beim RTL ugetrueden ass, mee fir een vun sengen Memberen aktiv an lautstaark ze ennerstetzen: D’Marie an säin Border Collie Bill haaten sech gemellt beim RTL Casting « Wanns de eppes kanns » an et steet fest, sie kennen eppes, well sie sin direkt bis an de Recall komm.

Desen Recall war eben e Samsden an d’Marie an de Bill haaten een Programm aus zwee Deeler preparéiert: eng Dogdancing Performance an eng « speziell » Agility Virféierung.

Den Dogdancing war eng musikalesch Ennermoolung vum « Fliegerlied » waat de Bill ennert der Leedung vum Marie SUPER gemeeschtert huet.

 

Zum 2. Deel vum Programm: Et kann een jo bekanntlech keen Agility maan ouni Geräter an dofir haat d’Marie déi flott Idee, datt 6 Memberen vum HSV kéinten d’Roll vun de Geräter spillen. Sou konnt de Bill der Jury dann eng Sprongkombinatioun aus Hürde an Pneu, de Slalom an den Tunnel weisen.

Et huet alles SUPER ausgesinn an d’Jury souwéi de Publikum waren hellewesch begeeschtert.

Den HSV wier awer net den HSV, wann mir beim RTL net weider opgefall wieren:

 

Sierw et duerch e Photoshooting, eng Ersteckungsszene, deglasse Fotoen, en Desch voller Kamellen, eng Pantomimenperformance, gewäschen Hoer, Ufeierungsgesang, geschminkten Agilitysgeräter, e motivéierten Manager, en net ze iwwerhéierenden Publikum, eng Agility Demonstratioun an der Buvette oder duerch witzeg Interviewen, kuerz gesoot et war fir all Mensch an Déier eppes dobäi.

 

An daat Ganzt huet sech gelount, well d’Marie an de Bill sin weiderkomm an d’TOP 20, daat heescht sie sin deemnächst op www.rtl.lu bei de Videoen vun WDEK 2011 ze gesinn, wou dir kennt fir déi Zwee voten goen.

Dofir vergiesst et net, well d’Marie an de Bill zielen op ierch alleguer!!! MERCI!!! :)

 

Zum Schluss bleiwt mir nemmen nach eppes ze soen:

 

« Mäin Numm ass Manon Garnie an ech sin dem Marie seng Giedi » ;)))

 

 

Fazit: Et war een super Nometten an mir alleguer drecken dem Marie an dem Bill ganz fest d’Daumen datt sie et bis an d’Final den 15. Mee packen an dann lossen mir ons iwwerraschen…

 

Bericht Géraldine Schintgen