update 10/07/2018

SUMMERVAKANZ VUM 13. BIS DEN 17. AUGUST 2018

 

Mat Fréed déele mir iech mat dass eis Welpeschoul vir Enn Abrëll 2018 start.

Et sinn nach Plaazen fräi.

Huet ären Welpen tescht 9-10 Wochen an 6 Méint an dir géift gären eng Welpenschoul besiichen, dann maacht iech bei well d'Plaazen sinn op 10 Welpen begrenzt.

Vir all weider Info oder Umeldung, scheckt wgl eng mail op gije@pt.lu. Mir (D'Jessica an de Gilles) kommen schnellstméiglech op iech zreck.

 

Beim Spillen déelen mir d'Welpen der Gréisst an dem Gewiicht no op, vir dass och kengem Welpi eppes geschitt.

De Welpentraining ass ëmmer Dënschdes (1x d'Woch) vun 18:00-19:00 Auer bei eis um Hondsterrain.

 

GANZ WICHTEG :

DE WELPEN MUSS NIERWT SENGEN NORMALEN STANDARDIMPFUNGEN GEINT DEN ZWINGENHOUSCHT GEIMPFT SIN EIER HIEN KANN UM WELPENTRAINING DÉELHUELEN!!!

 

SCHREIWT WGL DEN NUMM VUM WELPI, D'RASS AN DE GEBUERTSDATUM DOBAI.

WAAT BIDDE MIR UN:

- SOZIALISÉIRUNG SOU WÉI ENG GUDD BINDUNG STINN AM FOKUS

- DONIERFT STEET SPILL AN SPASS AM VIIRDERGROND

- MIR SCHAFFEN JUST MAT POSITIVER BESTÄTEGUNG

- KLENG ÜBUNGEN WÉI SITZ, PLAATZ AN BLÉIW LÉIEREN MIR OCH SPILLERECH

- AN DER LENKT GOEN MAM WELPI MUSS OCH GELÉIERT GINN

- ...

Hei e puer Fotos vun eiser Welpenschoul vun 2018

Hei e puer Fotos vun eiser Welpenschoul vun 2017

Hei e puer Fotos vun eiser Welpenschoul vun 2016